arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dispens fir 20.000 Schüler:innen um Dag vum Trounwiessel

Trounwiessel

|
headphones

1 min

Dispens fir 20.000 Schüler:innen um Dag vum Trounwiessel

Bal 20.000 Schülerinnen a Schüler hate fir den Trounwiessel den 3.Oktober eng Schoul-Dispens accordéiert kritt. Dës Zuel geet aus dem Educatiounsminister Claude Meisch senger Äntwert op eng parlamentaresche Fro vum LSAP Deputéierte Ben Polidori ervir.

headphones

1 min

© Photothèque VDL/Keven Erickson
(Foto: Photothèque VDL/Keven Erickson)

De Minister preziséiert, datt am Enseignement Fondamental 885 Schoul-Dispensen accordéiert gi waren. Insgesamt sinn 63.400 Kanner hei am Land am Fondamental. 

Am Enseignement Secondaire waren et 18.773 Dispensen. Dat heescht, datt eppes iwwert een Drëttel vun de Schüler:innen am Secondaire, sech fir den Dag vum Trounwiessel frei gefrot haten. 

Am Ganze goufe fir den Trounwiessel 19.658 Schoul-Dispensen an de Schoulen hei am Land accordéiert.