Si géif bedaueren, datt d’Bildmotiver mëssverständlech konnte sinn, a Gefiller konnte verletzen.
D’Verëffentlechung – déi mat Kënschtlecher Intelligenz erstallt gi war - wier net vum Verteidegungsministère autoriséiert gewiescht, gëtt preziséiert. D’Direktioun vun der Defense ënnersteet dem Verteidegungsministère.
Och Lëtzebuerg stéing fir d’Grondwäerter an déi duergestallte militäresch Mëttel wieren dofir do, dës Wäerter ze schützen, heescht et weider. Kritik un der Publikatioun vun der Direktioun vun der Defense gouf et gëschter ënner anerem vun enger Rei Oppositiouns-Deputéierten. D’LSAP-Fraktioun huet eng parlamentaresch Fro dozou gestallt.