arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’Associatioun Justice et Paix fuerdert een Dialog iwwer Rüstungsfroen

Defense

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D’Associatioun Justice et Paix fuerdert een Dialog iwwer Rüstungsfroen

Der Regierung géif et u politeschem Wëlle feelen, fir a puncto Defense- a Rüstungspolitik den Dialog mat der Zivilgesellschaft ze sichen, esou Justice et Paix.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Jean-Louis Zeien, Jean-Paul Lehners, Bodo Bost (v.l.n.r.) | © Max Voncken
Jean-Louis Zeien, Jean-Paul Lehners, Bodo Bost (v.l.n.r.) (Foto: Max Voncken)

Grad dee fuerdert awer déi kathoulesch Associatioun. Dem Polindex 2025, also enger Etüd vun der Chamber an der uni.lu no, si 35 Prozent vun de Befroten hei zu Lëtzebuerg, géint eng Opstockung vum Verdeedegungsbudget. Grad dowéinst misst een an den Defensefroen e breeden Dialog féieren, esou den Tenor vun der Kommissioun Justice et Paix Lëtzebuerg.

De Wonsch no Dialog mat der Zivilbevëlkerung

Deen Dialog dierft net nëmme mat grousse Rüstungsfirme gefouert ginn, mee eben och mat der Zivilbevëlkerung. Domat misst een och scho fréi ufänken, fënnt de President vun der kathoulescher Organisatioun, de Jean-Paul Lehners.

“Ech wéilt zum Beispill net, datt meng Enkelen eng Kéier missten an de Krich goen. Mee ech wéilt awer, datt an eise Schoule vill méi géift wäert geluecht ginn, op Preventivmoossnamen, op ze soen, wéi kënne mer Kricher verhënneren, wéi gëtt et Konfliktfuerschung, wéi kënne mer Konflikter léisen ouni Gewalt zum Beispill.”

Besonnesch stéiert sech Paix et Justice och dorun, datt Oprüstung mëttlerweil ëmmer méi zu engem gréisseren Deel vun der nationaler Wirtschaft gëtt. Och zu Lëtzebuerg.

Waffeproduktioun: "Eng massiv Dereguléierung"

E Beispill dofir wier d’Fuerderung vun der Chambre de Commerce zejoert gewiescht. Déi wëllt d’Reegelunge fir Waffeproduktioun hei zu Lëtzebuerg bannent engem zimmlech kuerzen Zäitraum opzeweechen. D’Iddi doduerch méi Acteuren aus deem Secteur zu Lëtzebuerg unzezéien ze kënnen, gesäit de Generalsekretär vun der kathoulescher Organisatioun Jean-Louis Zeien kritesch.

“D'Konsequenz heescht, wann ech dat iwwersetzen: Eng massiv Dereguléierung mat TGV-Geschwindegkeet ouni gesellschaftlech Ausenanersetzung, well dat wier nämlech innerhalb vun där do kuerzer Zäit net méiglech gewiescht. An da solle besteeënd Reegelen opgeweecht, respektiv ausser Kraaft gesat ginn. Ech fannen, esou Revendicatiounen ze stellen, ass bedenklech.”

Waffe wieren a géifen e Gewaltmëttel bleiwen, esou nach de Jean-Louis Zeien. Dowéinst hätt de Staat och eng grouss Responsabilitéit, fir d’Kontroll an den Ëmgang domat.

play_arrow Lauschteren