arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Direkter adjoint vun der Nationalbibliothéik gëtt Interims-Direkter vum CNA

Carlo Blum

|
reading time

1 min

Direkter adjoint vun der Nationalbibliothéik gëtt Interims-Direkter vum CNA

De Carlo Blum gëtt Interims-Direkter vum CNA, bis en neien Direkter oder eng nei Directrice fonnt ass. Dat deelt de Kulturministère mat. De Carlo Blum, dee bis elo Direkter adjoint vun der Nationalbibliothéik war, gouf am Regierungsrot nominéiert.

reading time

1 min

Carlo Blum | © Archivfoto
Carlo Blum (Foto: Archivfoto)

Hie soll vum 1. Mee bis den 31. Oktober d‘Direktioun am CNA zu Diddeleng iwwerhuelen.

De Gilles Zeimet hat jo virun enger Woch demissionéiert. Hie stoung an der Kritik wéinst méigleche Schied un der Fotosausstellung „Family of Man“ awer och wéinst Mobbing a Mëssmanagement.