arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Direkter a Chefredaktesch vun der US-amerikanescher BBC hunn demissionéiert

Ëffentlech-rechtleche Sender

|
headphones

1 min

Direkter a Chefredaktesch vun der US-amerikanescher BBC hunn demissionéiert

D'BBC ass an der Kris. Dat, nodeems den Direkter Tim Davie an d'Chefredaktesch Deborah Turness um Sonndegowend demissionéiert hunn. Dee weltberüümten ëffentlech-rechtleche Sender hat Aussoe vum US-amerikanesche President Donald Trump esou zesummegeschnidden, datt ee se falsch konnt interpretéieren.

headphones

1 min

EPA/ANDY RAIN | © EPA/ANDY RAIN
BBC (Foto: EPA/ANDY RAIN)

Konkreet geet et ëm d'Opfuederung vum Donald Trump u seng Sympathisanten, fir virun de Kapitol ze goen an do ze kämpfen.

Den Direkter Tim Davies stoung méi laang schonn an der Kritik wéinst enger Rei vu Kontroversen a Virwërf iwwer Reportagen, déi net neutral solle gewiescht sinn.

Den Direkter an d'Chefredaktesch hunn erkläert, datt Feeler gemaach gi wieren an datt si géifen demissionéieren, fir datt d‘BBC net weider geschiedegt gëtt.

Vum Wäissen Haus huet et wuertwiertlech geheescht, d'Fake News BBC hätt dem Trump seng perfekt Ried aus dem Joer 2021 ëmgedoktert.