Radioen

On air

Fënster Op  |  Black Pumas - Christmas Will Really Be Christmas

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Digital Inklusioun: Grondfäegkeeten stäerken

Digitalisatioun

Digital Inklusioun: Grondfäegkeeten stäerken

Den Digitaliséierungsministère mécht een Appel à projets am Kader vun der Inclusioun numérique. Konkret gi Projete gesicht, déi alle méigleche Gruppen an der Populatioun hëllefen hirt digitaalt Kënnen a Wëssen auszebauen.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

© Jo Diseviscours play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Bis 2030 sollen europawäit 80 Prozent vun de Leit digital Grondfäegkeeten hunn. Dat ass d‘Zil vun der EU. Eng Initiativ um Wee dohi kënnt vum Lëtzebuerger Digitaliséierungsministere, deen elo erëm - déi 4te Kéier schonn - en Appel à projets gemaach huet.

Mol innovativ, mol méi klassesch

No esou engem Appell komme mol ganz innovativ Projeten eran, mol sinn se och méi klassesch, erzielt de Ben Max vum Digitaliséierungsministère. An de leschte Jore goufen zum Beispill Projeten ënnerstëtzt, déi virgesinn hu fir Senioren d’Basis vum Digitalen ze erklären. Et waren och Projeten déi divers Hëllef fir Leit mat Behënnerung ugebueden hunn.

An de vergaangene Jore gouf et ënner anerem och e Projet, dee sech klengen Entreprisen ugeholl huet, déi nach net déi néideg digital Kompetenzen haten.

Vu 5.000 Euro u kënne Projete mat maachen, de Ministère huet eng Gesamtenveloppe vun 250.000 Euro. D‘lescht Joer sinn 32 Projeten era komm, 5 goufen der finalement zréckbehalen.

Lauschterenplay_arrow