Nieft der Cotisatiounserhéijung huet d'Gesondheets- a -Sécurité sociale-Ministesch ënner anerem och Prezisiounen zu enger Ännerung wat d’Studienzäiten ugeet ugeschwat.
Studiejoren och no 27 Joer
D'Studiejore konnten, wéi d’Martine Deprez betount huet, bis elo tëschent dem 18. a 27. Joer agesat ginn. D'Ännerung gesäit vir, datt d'Studiejoren elo ab 18 Joer, mat engem Maximum vun 9 Joer kënnen agesat ginn.
"Een, deen e Bachelor mécht, duerno schaffe geet an de Master eréischt mat 26, 27 ufänkt, dee konnt bis haut déi Studienzäiten net urechne loossen"
Esou d'Martine Deprez. Mat der Ännerung kann ee Studiejoren no 27 och urechne loossen.
Progressiv Pensioun
Eng Neierung gëtt et och bei der progressiver Pensioun. No engem Avenant mam Patron kann nämlech eng Persoun, déi an d’Pensioun goe kéint, an Zukunft zum Beispill hallef schaffen an hallef an d’Pensioun goen.
"Mir sinn natierlech gespaant, wéivill Leit dovu wäerte Gebrauch maachen, well de Moment ass et dat eigentlech net ginn, war et net méiglech. Dat heescht, et huet ee misse seng Pensioun huelen, duerno konnt een nach weiderschaffen, mee da sinn d'Dispositions anti-cumul gelaf."
A puncto méi laang schaffe goen, gouf et och eng Prezisioun fir Leit, déi no dru sinn, fir an d’Pensioun ze goen. Do gëllt eng Iwwergangsprozedur.
Am Prinzip géif alles den 1. Januar a Kraaft trieden, esou d'Ministesch.
“Wann et da virum 1. Januar gestëmmt ass. Just déi Dispositioun fir 2026, deen Ee-Mount-bäizesetzen: Well ee seng Pensioun kann am Prinzip 6 Méint am Viraus ufroen, hu mer geduecht, mir géifen dann deen Ee-Mount-bäisetzen eréischt op den 1. Juli applicabel maachen."
Fir datt Leit, déi zum Beispill op den 1. Februar an d’Pensioun ginn, net gesot kréien, datt dat elo fir e Mount drop wier, esou d’Gesondheets- a Sécurité sociale-Ministesch.
An der Kommissiounssëtzung gouf iwwregens d’Françoise Kemp vun der CSV zur Rapportrice fir de Gesetzprojet 8634 designéiert.