arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den “new normal” an den transatlantesche Relatiounen

Analys

|
headphones

1 min

headphones

7 min

play_arrow

Den “new normal” an den transatlantesche Relatiounen

Kann een d’USA nach als Alliéiert ugesinn? Ass d’Relatioun tëscht der EU nach ze retten? Nom EU-Sommet gouf däitlech, datt den Toun an der EU sech ännert, ma ee genee Plang, wéi een an Zukunft reagéiere wäert, gëtt et net.

headphones

1 min

headphones

7 min

play_arrow

D’Relatiounen tëscht der EU an den USA goufen déi lescht Woch op eng haart Prouf gestallt.

D’EU-Staats- a Regierungscheffe koume fir een informelle Sommet zu Bréissel beienee, fir  iwwert een Echange iwwert déi transatlantesch Relatiounen.  

Dee Sommet krut eng aner Nues, nom Revirement vum Donald Trump deen Dag virdrun. Zousätzlech Douanestaxe ware vum Dësch - fir elo - an domat och d’Urgence fir Géigemesuren ze huelen.

Ze diskutéiere gouf et awer genuch, ënner anerem iwwer d’Fro, wéi et soll viru goen am Ëmgank mam Alliéierten USA.

Konkret Conclusioune goufe keng gezunn. Tëschent den Zeile konnt een awer eng Partie erausliesen. Ee Gespréich mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber. 

play_arrow Lauschteren