Den Nick Clesen war vun 1989 bis 1994 Deputéierte vun der GLEI, der deemoleger grénger Partei vum Jup Weber. Den Nick Clesen war och den 10. Oktober 1989 bei der sougenannter Trapebesetzung um Krautmaart dobäi, wou kleng politesch Gruppéierunge fir méi Rechter an der Chamber protestéiert hunn.
Den Nick Clesen war och Gemengeconseiller zu Beetebuerg an Zentralsekretär beim OGBL.