Et misst ee sech elo och drop konzentréieren d'Kollateralschied ënner den Zivilpopulatiounen ze limitéieren. De Xavier Bettel erënnert och drun, datt ee viru Kuerzem nach d'Hoffnung hat, datt deen neien iranesche President méi moderéiert géif optrieden, déi Hoffnung kéint een no der iranescher Attack en Dënschdeg net méi hunn.
Der israeelescher Arméi no wieren eng 180 Rakéiten op Israel geschoss ginn. Déi meescht dovu wiere vum Ofwiersystem interceptéiert ginn. E puer Rakéite wieren ageschloen. Am Westjordanland koum eng Persoun ëm d'Liewen, an zu Tel Aviv gouf et zwee Blesséierter. Déi iranesch Attack huet ronn eng Stonn laang gedauert.
De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel
Benjamin Netanjahu annoncéiert Revanche
Den Iran sot, et wier eng Revanche fir den Doud vun Hisbollah- an Hamas-Cheffe gewiescht, déi vun Israel ëmbruecht goufen.
Israel huet mat Konsequenze gedreet. Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu sot, den Iran hätt e schwéiere Feeler gemaach a géif dofir bezuelen.
Israel attackéiert weider am Libanon
Den UNO-Weltsécherheetsrot soll den Owend fir eng Drénglechkeetssëtzung zesummekommen.
Israel huet an der Nuecht op en Dënschdeg dann nees Ziler vun der Hisbollah an der libaneesescher Haaptstad Beirut ugegraff. Den Dënschdeg waren israeelesch Zaldoten an de Süde vum Libanon amarschéiert. Et wier eng limitéiert, lokaliséiert a gezillt Buedemattack géint d'Hisbollah, esou déi israeelesch Arméi.