Den Antony Blinken ass haut fir Gespréicher mat sengem Homolog David Lammy zu London. Dosende russesch Zaldote wieren am Iran trainéiert ginn, fir d‘ballistesch Rakéite mat enger Reechwäit vu ronn 120 Kilometer ze benotzen, esou nach de Blinken. Den Iran weist d‘Virwërf vu sech.
Den Antony Blinken wäert iwwerdeems zesumme mam David Lammy nach dës Woch an d‘Ukrain reesen. D‘Rees kéim zu engem kritesche Moment fir d‘Ukrain, esou nach de Blinken. Russland géif nämlech seng Attacken op Zivilisten, wichteg Infrastruktur an d‘ukrainescht Militär verstäerken.