Radioen

On air

Concert  |  Zwee tschechesch Komponisten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den Iran fuerdert, datt den UNO-Sécherheetsrot bäienee kënnt

Wéinst den Attacken op Hisbollag-Commandeuren

Den Iran fuerdert, datt den UNO-Sécherheetsrot bäienee kënnt

Och nom Doud vum Hisbollah-Leader Hassan Nasrallah, wäert d‘Hisbollah an hir Ideologie am Libanon weiderliewen. Dat sot de Spriecher vum iraneschen Ausseministère virun der Press.

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance / Pacific Press | Sobhan Farajvan

Hien huet déi israeelesch Attack schaarf verurteelt an den Nasrallah als e Märtyrer bezeechent. Am Libanon goufen 3 Deeg Staatstrauer ausgeruff.

Déi iranesch Regierung fuerdert, datt déi international Communautéit an den UNO-Sécherheetsrot direkt missten agräifen. D‘Hisbollah am Libanon gëllt als wichtegsten Alliéierte vun Teheran am Noen Osten. Datt den Iran der Schiitegrupp elo wäert militäresch hëllefen, dat halen d‘Observateuren awer fir onwarscheinlech.

Israel huet iwwerdeems weider Ziler am Libanon aus der Loft ugegraff

Déi palestinensesch Hamas mellt, dass hire Leader am Libanon bei engem israeelesche Bombardement ëm d‘Liewe koum. E weider militante palestinensesch Gruppe, PLF, behaapt, 3 vun hire Membere wiere bei engem israeelesche Bombardement op e Gebai am Zentrum vu Beirut ëm d‘Liewe komm.

Israel huet sech nach net dozou geäussert. Wann et confirméiert gëtt, wier et déi éischte Kéier, datt Israel och am Zentrum vun der libanesescher Haaptstad Ziler ugegraff huet.

Israel huet de Sonndeg och Positioune vun den Huthi Rebellen am Jemen aus der Loft ugegraff.

Vill Leit flüchten a Syrien

De libanesesche Premier sot, bis zu enger Millioun Leit am Libanon kéinte gezwonge ginn, virun der Gewalt ze flüchten. D‘UNO huet matgedeelt, datt op d‘mannst 100.000 Leit aus dem Libanon an d‘Nopeschland Syrie geflücht sinn. Honnertdausende wieren am Libanon selwer, op der Flucht.

Bannen der leschter Woch sinn am Libanon méi wéi 800 Leit bei den israeelesche Bombardementer ëm d‘Liewe komm.