Dat géif awer Froen iwwert d‘Sécherheet vun där Waffekummer opwerfen, wéi den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana an enger parlamentarescher Fro feststellt. De Minister preziséiert, datt et sech ëm e mënschleche Feeler gehandelt huet an datt de Virfall direkt bei der Inspection générale de la Police signaléiert gi wier. D‘IGP hätt eng Enquête opgemaach.
All Dag géife Poliziste Waffe manipuléieren – dat heescht lueden an entlueden - ouni datt eppes geschitt, et géif kee Sécherheets- oder Infrastrukturproblem ginn, et wier just en individuelle Manipulatiounsfeeler gewiescht.