Radioen

On air

Notturno  |  Arab Strap - Strawberry Moon

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Déiereschutzliga: D'Leit sinn net genuch iwwer den Opwand vun Hausdéieren opgekläert

Ëmmer méi Déieren am Asyl

Déiereschutzliga: D'Leit sinn net genuch iwwer den Opwand vun Hausdéieren opgekläert

Datt d'Déierenasyl voll ass liest een ëmmer rëm. Den Ament wier et awer extra schlëmm, betount d'Vizepresidentin vun der Lëtzebuerger Déiereschutzliga. Et wier een den Ament sou wäit, datt een d'Déieren op eng Waardelëscht muss setzen.

auto_stories

1 min

headphones

10 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Lauschterenplay_arrow

Noutfäll géif ee weider direkt ophuelen. D'Liliane Ferrone versteet net sou ganz, firwat d'Zuel sou staark zouhëlt.

"Et ass natierlech och esou, dass d'Land wiisst, also d'Bevëlkerung gëtt ëmmer méi grouss, ëmmer méi Leit, bedeit warscheinlech och ëmmer méi Hausdéieren, déi hutt awer dofir net onbedéngt méi Plaz."

Eng Fro déi sech stellt ass déi, ob een nach ee weidert Déierenasyl bräicht. Aktuell géif een negociéiere fir een Déierenasyl am Norde sollt gebaut ginn. Dat wier allerdéngs un ee groussen Opwand gebonnen. Et géif och net de Problem léisen, datt op eemol manner Déieren am Déierenasyl ofgi ginn.

D'Leit wiere sech iwwerdeems dacks net bewosst, wat fir een Opwand a Käschten een Hausdéier mat sech bréngen. Dofir ass et och d'Aufgab vum Déierenasyl, d'Leit ze beroden, éier si sech een Hausdéier uschafen.