Den Alex Saab géif an Zukunft aner Responsabilitéiten iwwerhuelen, huet déi aktuell venezuelanesch Presidentin op Telegram matgedeelt.
Den Alex Saab war 2021 an den USA an de Prisong komm, well hie Liewensmëttel fir d’Regierungsspëtzt vum Land soll ënnerschloen hunn. 2023 war hie géint zéng US-Amerikaner, déi a Venezuela am Prisong souzen, ausgetosch an ee Joer drop Industrieminister ginn.