An enger Ried gëschter um Sonndeg zu Washington huet den Donald Trump eng Virschau op seng zweet Amtszäit als US-President ginn. Hie géif direkt um éischten Dag vu senger Presidence bal 100 Dekreeter ënnerschreiwen, ënner anerem fir direkt mat der Massendeportatioun vun illegalen Immigranten unzefänken, a fir sämtlech Ëmweltregulatiounen ofzeschafen, déi ënnert dem Joe Biden agefouert goufen.
De Poopst François huet dem Trump seng annoncéiert Deportatiounspolitik kritiséiert. Dat wier eng Schan, sot de Poopst an engem Interview op der italieenescher Televisioun.
Eise Korrespondent Philipp Crowther ass zu Washington D.C. an huet dem Maurice Molitor am 100,7-Moiesstudio seng Andréck vun der Plaz - e puer Stonne virun der Vereedegung vum Donald Trump - beschriwwen.