arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den Andy Schleck iwwerhëlt eng nei Roll bei Lidl-Trek

Cyclissem

|
headphones

1 min

Den Andy Schleck iwwerhëlt eng nei Roll bei Lidl-Trek

Retour vum Andy Schleck an de professionelle Peloton: De fréieren Tour de France-Gewënner wiesselt bei d'Ekipp Lidl-Trek. Hien gëtt sougenannten "Deputy Manager", wat den Adjoint vum Manager Luca Guercilena ass. Domat schafft den Andy Schleck fir déi selwecht Ekipp wéi säi Brudder Frank Schleck.

headphones

1 min

© Lidl-Trek
(Foto: Lidl-Trek)

Ufank Dezember war bekannt ginn, datt säi Brudder Frank Schleck och bei dat Team wiesselt. Vu Januar un ass hie Responsabele fir d‘Fraenekipp vu Lidl-Trek. 

Déi amerikanesch Ekipp ass 2011 ënner dem Numm Leopard Trek gegrënnt ginn an ass ënner Lëtzebuerger Lizenz gefuer. 2014 dunn ass de Vëlohirsteller Trek als Haaptsponsor opgetrueden. Souwuel de Fränk, wéi och den Andy Schleck si fir d'Ekipp gefuer.