Radioen

On air

Notturno  |  Francis Of Delirium - All Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den Aarbechtsminister wëllt séier mam Verwaltungsrot vu ProActif schwätzen

Beschäftegungsinitiativ

Den Aarbechtsminister wëllt séier mam Verwaltungsrot vu ProActif schwätzen

Hie wéilt Problemer uschwätzen a Léisungen fannen, fir d‘Gouvernance vun der Beschäftegungsinitiativ ze verbesseren, sou de Georges Mischo de Méindeg no der Chamberkommissioun fir Aarbecht.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Georges Mischo | © ADEM play_arrow
Foto: ADEM

An der Chamberkommissioun fir Aarbecht war d’Situatioun bei der Beschäftegungsinitiativ ProActif am spéide Méindeg Moien d’Theema: D’Oppositiounsparteien, mat Ausnam vun der ADR, wollten dozou Erklärunge vum Minister Georges Mischo. Deen huet no der Reunioun gemengt, hie wéilt den neie Verwaltungsrot vu ProActif séier gesinn, fir d’Gouvernanceproblemer unzegoen. D’Oppositioun huet him virgehäit, grad dat iwwer Méint net gemaach ze hunn.

Fir de Marc Baum hätt de Minister virun allem erkläert, firwat e 5 Méint näischt gemaach hätt. ProActif géif mat iwwer 20 Millioune vum Lëtzebuerger Staat finanzéiert ginn an de Minister géif einfach nokucken.

An den Ae vum Deputéierte vun déi Lénk stellt sech virun deem Hannergrond d’Fro vun de Kontrollméiglechkeeten a vun enger eventuell anerer Struktur fir sou Initiative wéi eng Asbl.

LSAP a Piratepartei: De Staat muss méi Afloss bei ProActif hunn

D’Gouvernanceproblemer hätte sech iwwer Méint opgebaut, mee et wier eréischt spéit reagéiert ginn, huet d’Djuna Bernard vun déi Gring fonnt. Et misst een elo nohalteg Léisunge fannen, fir datt d’Lag sech verbessert.

Den LSAP-Vertrieder Georges Engel huet bedauert, datt tëscht Ufank Februar an Ufank Juli net vill am Dossier ProActif geschitt wier. Och wann een net vill Méiglechkeeten hätt fir anzewierken, misst ee sech awer vläicht als Chamber iwwerleeën „ob mer net déi Gesetzer sou maachen, dass mer och do kënnen, wa mer 22 bis 25 Milliounen an e Betrib ginn, mat décidéieren“.

De Sven Clement huet bedauert, datt de Georges Mischo just e weidere Suppléant aus dem Ministère an de Verwaltungsrot schéngt wëllen ze kréien, awer ouni Stëmmrecht. De Piraten-Deputéierten ass an dësem Kontext fir e gewëssent Agrëffsrecht vum Stat.

Georges Mischo: Situatioun bäi ProActif schued deem ganze Secteur

De Minister huet sengersäits confirméiert, datt hien e Suppléant an de Verwaltungsrot wéilt bäikréien. De Georges Mischo bedauert, datt duerch Gouvernanceproblemer bei ProActif, déi aner Beschäftegungsinitiativen an de ganze Secteur mat an e schlecht Liicht geréckelt géife ginn.