Als nei Interimspresidentin huet d‘Delcy Rodriguez den Ausnamezoustand a Venezuela deklaréiert. Si huet d‘Police ugestallt, no Kollaborateuren ze sichen, déi den USA hir Attack op d‘Land an d‘Interpellatioun vum Nicolás Maduro ënnerstëtzen.
An der Géigend vum Presidentepalais zu Caracas gouf et déi lescht Nuecht Schëss an Ausernanersetzungen. D‘Hannergrënn sinn nach onkloer.
Friddensnobelpräisgewënnerin wëllt zeréck a Venezuela
Iwwerdeems sot déi venezuelanesch Oppositiounscheffin a Friddensnobelpräis-Gewënnerin Maria Corina Machado an engem Interview mat Fox News, si wéilt esou séier wéi méiglech zeréck a Venezuela kommen.
Den Donald Trump hat e Samschdeg ausgeschloss, datt d‘Maria Corina Machado den Nicolás Maduro als President kéint ersetzen. Si hätt an hirem Land net genuch Ënnerstëtzung a Respekt, esou den Donald Trump.