arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Déidlecht Verkéiersaccident wéinst engem Geeschterfuerer

Police mellt

|
reading time

1 min

Déidlecht Verkéiersaccident wéinst engem Geeschterfuerer

De Geeschterfuerer war um Sonndegowend géint 22h40 tëschent Miersch a Luerenzweiler op där falscher Säit vun der Autobunn a Richtung Süden ënnerwee.

reading time

1 min

© Oleksandr/Adobe Stock
(Foto: Oleksandr/Adobe Stock)

Tëschent den Tunnelle Miersch a Gousselerbierg ass de Geeschterfuerer dunn an een aneren Auto gerannt, deen a Richtung Norden ënnerwee war. De Chauffeur an deem Auto, e Mann vun 42 Joer vu Wooltz, ass nach op der Plaz gestuerwen. De Geeschterfuerer gouf schwéier blesséiert an eng Klinik bruecht.

De Miess- an Erkennungsdéngscht war op Uerder vu Parquet op der Plaz. D‘A7 war bis de Méindegmoie fréi a Richtung Norden deelweis gespaart ginn.

Beim Verstuerwenen handelt et sech ëm de Pascal Alff och nach bekannt als Pascal vu Wooltz. Hie war 2023 Éischtgewielten op der Nordlëscht vun Déi Lénk, souwéi engagéierte Sänger a Gittarist.