Zwee weider Aarbechter si liewensgeféierlech a 4 méi liicht blesséiert ginn.
D‘Autobunn ass a béid Richtunge gespaart, de Kran riskéiert ëmzefalen a muss ofgeséchert ginn, sou d‘Autobahn GmbH.
Déi Bréck op der vill befuerener Autobunn A1 gëtt an zwou Etappen nei gemaach. Dat éischt Deelstéck war Ugangs Februar, no jorelaange Bauaarbechten, rëm fir de Verkéier opgaangen.