Déidlecher Schéisserei zu Nantes: 13 Joer ale Bouf net méi a Liewensgefor
Zu Nantes gouf et gëschter Owend eng déidlecher Schéisserei am Zesummenhang mam Drogemilieu. E Jong vun 13 Joer, dee getraff gouf, ass elo net méi a Liewensgefor, dat huet de franséischen Inneminister Laurent Nunez mat gedeelt. E Mannerjäreg vu 15 Joer ass bei der Schéisserei ëm d‘Liewe komm.
De franséischen Inneminister huet op en Neits betount, d‘Autoritéite géife mat grousser Determinatioun géint den Drogenhandel a Konsum virgoen. Nantes läit gutt 700 Kilometer vu Lëtzebuerg , am Weste vu Frankräich, un der Atlantikküst.
D‘Drogekriminalitéit a Frankräich huet an der rezenter Vergaangenheet staark zougeholl.