Radioen

On air

Notturno  |  U.S. Girls - Futures Bet

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Déi nordkoreanesch Ausseministerin gouf a Russland empfaangen

Krich an der Ukrain

Déi nordkoreanesch Ausseministerin gouf a Russland empfaangen

Virum Hannergrond vun engem méiglechen Asaz vun nordkoreaneschen Zaldoten un der Säit vu Russland géint d‘Ukrain, huet de russeschen Ausseminister Sergei Lawrow de Moie seng nordkoreaneschen Homolog Choe Son Hui zu Moskau empfaangen. De Sergej Lawrow géif déi „enk Zesummeaarbecht“ tëscht dem russeschen a nordkoreanesche Militär begréissen, heescht et aus Moskau. Russland hat rezent en Ofkommes fir militäresch Kooperatioun mat Nordkorea ofgemaach.

auto_stories

1 min

Déi nordkoreanesch Ausseministerin gëtt nom Treffe mam Sergej Lawrow hirersäits op der Noriichtenagence AFP mat der Ausso zitéiert, Nordkorea géif un der Säit vu Russland stoe bis Russland an er Ukrain gewonnen huet. Weider hätt si Russland driwwer informéiert, datt Nordkorea säin Arsenal vun nukleare Waffe wäert verstäerken, esou déi nordkoreanesch Ausseministerin

D‘USA mengen, datt nordkoreanesch Zaldoten un der Säit vu Russland kuerz virun engem Asaz géint d‘Ukrain wieren. Washington hätt zwar nach keng Kampfaktioune vun de Nordkoreaner géint ukrainesch Truppe gesinn, mee d‘USA géifen dovun ausgoen, datt dat an den nächsten Deeg geschitt, sot den Ausseminister Antony Blinken.

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj sot an dem Kontext, hie géif elo och op militäresch Hëllef vu Südkorea hoffen. D‘Ukain géif mat Südkorea iwwert Waffe schwätzen a wier speziell drun intresséiert, Artillerie a Fluchofwier vu Südkorea ze kréien, esou den ukrainesche President op der Plattform Telegram.