Radioen

On air

Sot Emol  |  Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

play_arrow Live
search

/ Déi gréng bedaueren, datt d'LSAP keng Fra fir de Staatsrot nominéiert huet

Politik an der Gesellschaft

Déi gréng bedaueren, datt d'LSAP keng Fra fir de Staatsrot nominéiert huet

D’Co-Parteipresidentin vun déi gréng, Stéphanie Empain, bedauert, datt fir déi fënnefte Kéier hannerteneen ee Mann als Kandidat fir den oppene Posten am Staatsrot proposéiert gëtt. De fräie Posten dierft vum LSAP-Member Max Leners besat ginn. De Gremium vun am Ganzen 21 Conseilleren, wier dann nämlech weiderhi just mat 7 Frae besat.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

Stephanie Empain | © Chris Zeien play_arrow
Foto: Chris Zeien

Deen aktuell fräie Posten am Staatsrot dierf vum jonken LSAP-Member Max Leners besat ginn. Virun enger gudder Woch ass den 31 Joer alen Affekot vum Generalrot vu senger Partei als éischte vun 3 Kandidate gewielt gi fir de Christophe Schiltz ze ersetzen. Eng Fra wier net ënner de Kandidate gewiescht, sot d’LSAP-Presidentin Francine Closener eis de Méindeg op Nofro hin, nodeems déi gréng dat kritiséiert haten.

Stéphanie Empain: Passt net bei d'Visioun vun enger paritéitescher Gesellschaft

Si géif bei de Parteien ee kloeren Engagement vermëssen, fir méi Fraen op fräi Posten an de Staatsrot ze nominéieren, seet déi gréng Co-Parteipresidentin Stéphanie Empain. Dat géif net bei eng Gesellschaft passen, déi Paritéit tëscht de Geschlechter ustrieft.

Parteie sollte pro-aktiv virgoen

D’Francine Closener huet dem radio 100,7 op Nofro hi gesot, datt sech an der LSAP keng Fra fir de Poste gemellt hätt. Déi Excuse léist d’Stéphanie Empain net gëllen. An esou Fäll misst ee bewosst eng Fra sichen an d’LSAP hätt bestëmmt Fra mat de richtege Kompetenzen an den eegene Reien.

Lëtzebuerg misst méi ambitiéis sinn

Mat just 7 Fraen am Staatsrot wier een elo och um Minimum vun deem ukomm, wat institutionell virgesin wier. Et géif si traureg maachen, datt ee sech hei just um strikte Minimum géif orientéieren, seet d’Stéphanie Empain.

"D’LSAP ass elo déi lescht Partei, déi sech dat nach kann erlaben. Dono muss déi nächst Partei souwisou dann eng Fra designéieren."

Wann een an Zukunft eng Paritéit am Staatsrot wéilt erreechen, misst een der Stephanie Empain no och doriwwer nodenken, d'Zuel vu minimum 7 Fraen am Staatsrot eropzesetzen.

Lauschterenplay_arrow