Verschidden Thematiken ewéi d’Verkéierssécherheet, d’Mobilitéit, oder d’Zesummeliewe géife guer net ugeschwat ginn. Déi urbanistesch Entwécklung wier awer e wichtegt Element wann een d’Geschäftsliewen zum Beispill wéilt fërderen. Déi Gréng hunn elo en eegenen interaktiven Internetsite mam Slogan “Deng Iddi fir ons Stad” lancéiert, fir eng eege Biergerbedeelegung an d’Weeër ze leeden.
Déi Iddien a Remarke ginn da Partei-intern gekuckt, grad ewéi an de Gemengekommissiounen an deenen déi Gréng siegéieren.