An engem éischte Schrëtt soll et drëms goen, ënnert de Staaten, déi un der Konferenz deelhuelen, ee gemeinsaamt Verständnis iwwert d‘Méiglechkeete fir een ëmfaassenden, gerechten an dauerhafte Fridden an der Ukrain z‘entwéckelen, heescht et weider vun der Schwäizer Regierung. Russland huet iwwerdeems schonn ugekënnegt, net un dëser Konferenz deelzehuelen.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Déi Schwäizer Friddenskonferenz fir d'Ukrain ass de 15. a 16. Juni
Krich an der Ukrain
Déi Schwäizer Friddenskonferenz fir d'Ukrain ass de 15. a 16. Juni
D‘Konferenz, déi d‘Schwäiz zum Theema „Fridden an der Ukrain“ organiséiert, soll de 15. a 16. Juni an engem Luxushotel an der Zentralschwäiz stattfannen. Dat huet d‘Schwäizer Regierung elo bekannt ginn. D‘Viraussetzungen, datt dës Konferenz ee Friddensprozess ustéisst, wieren erfëllt.
auto_stories
1 min
Foto: picture alliance/dpa | Daniel Vogl