Virum Hannergrond vun der aktueller Hëtzt fuerderen déi Lénk Aktioune vun der Regierung a puncto Gesondheet op der Aarbechtsplaz.
“D’Regierung ënnerhëlt näischt” ass ee Schreiwes vun der Oppositiounspartei zum Thema iwwerschriwwen: Et wier nach net vill gemaach ginn, fir d’Salarié(e)en aus vun der Hëtzt betraffene Secteuren ze protegéieren.
Et bräicht eng national Reglementatioun an eng Upassung vum Code de travail, esou déi Lénk.