Dat géif sech virun allem doduerch erkläre loossen, datt Frae méi dacks géifen an Deelzäit schaffen. Ronn 78 Prozent vun de Salariéen, déi net vollzäit schaffen, wiere Fraen. Dat wier deen drëtthéchsten Taux an der Eurozon, esou déi Lénk.
Ee wichtege Grond fir d’Deelzäitaarbecht fir d’Care-Aarbecht, also Kannerbetreiung, Fleeg vu kranke Familljememberen an aner familiär Grënn. A Secteure wéi dem Nettoyage oder dem Commerce géifen et och nëmme ganz wéineg Vollzäitplaze ginn. Dat wiere Secteure mat schwéieren Aarbechtsbedingungen a schlechter Bezuelung an déi geplangte Liberaliséierung vun den Ouvertureszäite géif dëst nach verschlëmmeren, heescht et nach am Communiqué.
Déi Lénk fuerdere weiderhin d’Aféierung vun der 32-Stonnewoch bei vollem Lounausgläich esouwéi eng Erhéijung vun der Mindestpensioun op den Niveau vum Mindestloun an de Réckzuch vun der Pensiounsreform vun der CSV-DP-Regierung.