An de leschte Méint hätt d’CSV-DP-Regierung ëmmer rëm bewisen, haaptsächlech patronatfrëndlech ze handelen an eng autoritär Symbolpolitik ze féieren. Vill Konkretes hätt déi aktuell Regierung awer nach net opweise kënnen.
Ausserdeem hätte Politiker an de leschte Méint Skandaler provozéiert, ouni mat de Konsequenze liewen ze mussen.
De Marc Baum huet hei ënnert anerem d’Affär ronderëm d’Steierhannerzéiung vum Pim Knaff als Beispiller genannt.
Stëllstand an der Aarmutsbekämpfung a Klimapolitik
Dës Verantwortungslosegkeet vun der CSV-DP-Koalitioun géif awer och ee Stëllstand bei ville Sujeten bedeiten, sou den Deputéierte vun Déi Lénk Marc Baum. Fir d‘Aarmutsbekämpfung géif näischt um Dësch leien, obwuel et eng vun den Haaptprioritéite vun der Regierung wier.
„No 11 Joer DP-gefouerte Familljeministère komme si elo mol op d’Iddi ee plan d’action z’entwécklen. Wéi awer och an der urgence climatique, wou net gehandelt gëtt, well Klimapolitik soll dem neie Luc no jo Loscht maachen, an dofir ass eng vun hiren éischte Mesuren, fir d’Subventioune fir Solaranlagen zum Beispill erofzesetzen.“
Loscht géif dat awer net maachen, betount de Marc Baum, et géif éischter weisen, datt et engem méi oder manner egal ass.
D’Partei wëll iwwerdeems an den nächste Méint nei Strategien an Zilsetzungen opstellen.