De Gaston Vogel huet sech een “homme de gauche” genannt. Hien huet gären a vill an ëffentlech geknoutert. Ëmmer erëm géint déi Klerikal an d’CSV, iwwert déi gréng, als Antimonarchist iwwert den Haff, mee och iwwert d’Magistratur an hire Fonctionnement. An der Publikatioun "Lëtzebuerger Gemengen" gouf de Gaston Vogel 2016 "le sniper national" genannt.
Affekot a ville prominenten Affairen
Hie war zënter 1962 Affekot. Dat a ville prominente Fäll. Esou huet hien, ënner anerem, ee vun den Ugekloten am Bommeleeërprozess verdeedegt, déi fréier RTL-Journalistin Sophie Schram an der Affär ëm de fréiere Mudam-Direkter Enrico Lunghi, oder och de jonke Kënschtler Jeff Dieschbourg wéinst Plagiatsvirwërf vun enger chineesescher Kënschtlerin. Dëst sinn dräi vun de rezentste Fäll. D’Lëscht ass awer laang.
De Gaston Vogel huet gären a vill geschriwwen. Hien huet ongezielten Essaie publizéiert iwwert historesch, literaresch, reliéis, philosophesch a presserechtlech Theemen. Dat ëmmer mat prägnanter Fieder.
Hien huet eng Partie Bicher publizéiert: Iwwert säi Liewen als Affekot, iwwert d’Presserecht zu Lëtzebuerg, mee och iwwert de Marcel Proust, de Friederich Nietzsche an iwwert de Buddhismus.
De Gaston Vogel war e grousse Kenner vun der asiatescher Kultur an hat an deem Domaine eng grouss Konschtsammlung.