Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - Gone Tomorrow

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Xavier Bettel kritiséiert d’Boykottdecisioun vun der EU-Kommissioun géint Ungarn

Nom Orban sengem Besuch beim Wladimir Putin a Xi Jinping

De Xavier Bettel kritiséiert d’Boykottdecisioun vun der EU-Kommissioun géint Ungarn

Den Ausseminister Xavier Bettel kritiséiert d’Boykottdecisioun vun der EU-Kommissioun géint Ungarn. Nom ungaresche Premier Viktor Orban sengen ëmstriddene Reese bei de Wladimir Putin, de Xi Jinping a bei den Donald Trump verzicht d’EU-Kommissioun op hiren Untrëttsbesuch bei der ungarescher Rotspresidence. Donieft sollen déi nächst Méint keng EU-Kommissären op informell Ministerreuniounen an Ungarn reesen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Europäesch Unioun

Vun dëser Decisioun géif hien net vill halen, esou op eis Nofro, den Ausseminister Xavier Bettel. Zu Bréissel gëtt de Moment diskutéiert, ob den informellen EU-Ausseministerconseil vun Enn August net vu Budapest op Bréissel kéint verluecht ginn.

„… ma da mécht den Ungar déi Woch drop seng Reunioun. A siche mir dann Excusë wärend sechs Méint fir net op Budapest ze goen?“

Hie géif gäre mat de Leit streiden, wann hien d’Geleeënheet dofir kritt, esou eng weider Ausso an dësem Kontext vum Xavier Bettel.

„Ech hu léiwer mir ginn dohinner a mir soen dem Ungar wat mir dovunner halen, wéi dass mir eis do raushalen (…)“

Weider am Dialog bleiwen

Eng Decisioun vum EU-Chefdiplomat Josep Borrell, ob dat informellt Ausseministertreffe vun Enn August vu Budapest op Bréissel verluecht gëtt, kéint ee Méindeg falen. De Xavier Bettel huet awer haut schonn däitlech gemaach, datt hie wëlles huet op Budapest ze goen.

„Wann ech eleng sinn, da wäert ech zwar keng Reunioun hunn. Mee ech fannen den Dialog z’evitéieren, dat Schlechtst.“

Symbolesche Geste

D’EU-Kommissioun huet haut Dënschdeg preziséiert, datt hir Decisiounen - dorënner déi keen Untrëttsbesuch an Ungarn ze maachen - ee “symbolesche Geste” wieren, fir hiert Mëssbëllege vum ungaresche Premier seng Reesen zum Ausdrock ze bréngen.

Ungarn hat den 1. Juli d’EU-Rotspresidence iwwerholl.