Radioen

On air

Notturno  |  Chris Cohen - Night Or Day

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Wirtschafts- a Sozialrot fënnt keng unanime Positioun zum Pensiounssystem

Am Virfeld vun enger méiglecher Reform

De Wirtschafts- a Sozialrot fënnt keng unanime Positioun zum Pensiounssystem

D’Vertrieder vum Salariat a Patronat hunn de Mëtteg am CES zwee getrennten Avisen ugeholl. D’Salariatsvertrieder warne virun alarmistesche Previsiounen, a mengen de Pensiounssystem wier gutt opgestallt fir nach jorelaang ze fonctionéieren.

auto_stories

1 min

Foto:

Wann Enkpäss kéimen, kéinten d’Cotisatioune gehéicht oder alternativ Finanzéierungsquelle gesicht ginn. D’Patronatsvertrieder warnen hirersäits, datt de Rentesystem just nach mat enger staarker Croissance vum Emploi fonctionéiert, an op Dauer géif dat net opgoen. D’Patronat ass géint eng Hausse vun de Cotisatiounen a proposéiert prioritär Kierzunge bei de Pensiounsausgaben. Déi lescht Regierung hat de CES virun zwee Joer gefrot en Avis iwwer d’Finanzéierung vum Pensiounssystem auszeschaffen.