Radioen

On air

Notturno  |  Richard Dawson - Two Halves

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Staat subsidéiert de Stroumpräis d’nächst Joer weider mat iwwer 100 Milliounen Euro

Hausse vun de Stroumpräisser

De Staat subsidéiert de Stroumpräis d’nächst Joer weider mat iwwer 100 Milliounen Euro

D'Stroumpräisser sinn an de leschte Jore geklomme wärend och de weltwäite Stroumverbrauch Joer fir Joer wiisst. Och d'nächst Joer ginn d'Stroumrechnunge fir d'Privatclienten hei am Land méi deier. An dat trotz neie staatleche Subventiounen, déi dës Woch annoncéiert goufen.

auto_stories

5 min

headphones

5 min

play_arrow

Wat d’Stroumpräisser ugeet läit Lëtzebuerg am europäesche Mëttelfeld, op Plaz 12 vu 27 vun de bëllegste Stroumpräisser (Joer 2022, Eurostat). An Dänemark war de Stroum dat Joer am deiersten, an Holland am bëllegsten.

Virun dräi Joer, wärend der Pandemie, waren d'Stroumpräisser op eemol immens séier geklommen. Zënterhier gi se awer nees liicht erof. Mee mir sinn nach ëmmer net op den Niveaue vu virun 2021.

Dobäi kënnt: D'Clienten hunn déi Hausse vun der Stroumbourse mat Verspéidung matkritt, an och vum Staat ofgefiedert. Zënter annerhallwem Joer gëtt et massiv staatlech Subventiounen, déi vun der Regierung vu virdru mat de Gewerkschaften an dem Patronat an der Tripartite decidéiert gi waren. Elleng fir dëst Joer ass eng Enveloppe vun 225 Milliounen Euro virgesinn.

Impakt vun der aktueller Stroumsubventioun

D'Präisser sinn den Ament zwar héich par Rapport zu virun 2021, mee se wieren nach vill méi héich ouni déi staatlech Subsiden.

E Beispill: Wann een als Stot zu 3 ronn 70 Euro de Mount u Stroum bezilt, wieren dat ouni staatlech Subsiden iwwer 100 Euro. Oder op e Joer gekuckt: Amplaz 900 Euro wieren et ouni Subside séier 1.400 Euro. Am Detail hänkt et natierlech vum Verbrauch of. A vum Stroumpräis, deen eenzel Leit jee no Operateur bezuelen.

Phasing out

De Statec mellt lo scho méi laang, de Stroumpräis géif ouni Subsiden d'nächst Joer ëm 60 Prozent klammen. Et wäert awer net dozou kommen, well déi nei CSV-DP-Regierung huet nees e substantielle staatleche Subsid decidéiert fir 2025, deen awer nëmmen nach hallef esou héich ass wéi dee vu bis elo. Dofir gëtt vu 'phasing out' geschwat.

De Stroumpräis zu Lëtzebuerg ass iwwerdeems zimmlech gutt virauszesoen. Grouss Operateure kafen nämlech fir 3 Joer am Viraus an. Da verkafe si zum Duerchschnëttspräis, deen ee gutt projezéiert kritt.

Mëttelwäert tëschent Marchéspräis a staark subventionéiertem Präis

Dat heescht fir d‘Konsumenten a Konsumentinnen, datt si nächst Joer nach net de Marchéspräis musse bezuelen, mee e Mëttelwäert tëscht dem aktuelle staark subventionéiertem Präis an dem Marchéspräis. Wann een dëst Joer am Schnëtt 22 Cent pro Kilowatt d'Stonn bezilt, sinn et d'nächst Joer 28 Cent.

De Marchéspräis, ouni Subventiounen, géif bei bal 35 Cent leien. Dat kéint de Staat eisen Informatiounen no nach eng Kéier iwwer 100 Milliounen Euro d'Joer kaschten. An dem Premier Luc Frieden no, si weider 50 Milliounen Euro virgesi fir ënner anerem Revis-Empfänger a Beneficiairë vun der "prime énergie" ze ënnerstëtzen.

Heftegen Impakt op d‘Inflatioun

Mir bezuelen also vum nächste Januar u ronn 30 Prozent méi fir Stroum wéi haut. Op d‘Inflatioun huet dat en heftegen Impakt.

Déi Hausse, déi trotz Subventiounen op den 1. Januar kënnt, féiert dozou, datt d'Joresinflatioun d'nächst Joer laut Statec bei 2,6 Prozent soll leien: 0,5 Prozentpunkten dovu sinn eleng op d'Hausse vun de Stroumpräisser zeréckzeféieren.

Hätt d'Regierung d'Stroumsubventioun auslafe gelooss, wier d'Inflatioun souguer ëm 3,1 Prozent geklommen. 1 Prozentpunkt wier eleng op d'Stroumpräisser zeréckzeféieren.

Well de Stroumpräis weider subventionéiert gëtt, réckelt déi nächst Indextranche, mat där am drëtten Trimester d'nächst Joer gerechent gouf, op dat véiert Trimester. Mee wéi gesot: D'Subventionéierung kascht de Staat awer och eppes.

Kee Präisdeckel méi fir Gas a Mazout

D'Präisser vum Gas a vum Mazout goufe jo och staatlech subventionéiert. Déi ginn awer net verlängert. De Premier huet dat an der Ried zur Lag vun der Natioun domat erkläert, datt do kee Präisdeckel méi néideg wier, well déi Präisser an de leschte Méint nees gefall wieren. Wat stëmmt.

De Premier huet et awer verpasst ze soen, datt de Stroum bei der Energietransitioun eng aner Roll spille wéi Gas a Mazout, wat reng klimaschiedlech fossil Energië sinn. Wa Lëtzebuerg seng Klimaziler erreeche wëll, ass méi Stroum néideg - an natierlech virun allem grénge Stroum.

Méikäschten duerch Energietransitioun iwwerhuelen

De Premier huet am État de la Nation an deem Kontext vun enger Stabiliséierung vun de Präisser vu gréngem Stroum geschwat. Déi Ausso war net ganz präzis an dofir schwéier ze verstoen. Déi nei Regierung huet decidéiert, och nach no 2025 (bis 2028) en Deel vum Stroumpräis ze subventionéieren.

Et ass awer nach net gewosst, wat dat genee kaschte wäert. D'Regierung engagéiert sech am Fong, fir de Clienten hir Méikäschten, déi wéinst der Energietransitioun entstinn, deelweis ze iwwerhuelen.

D'Energietransitioun gëtt et nämlech net zum Nulltariff. Generell mussen d'Reseauen ausgebaut ginn, well mir all ëmmer méi Stroum benotzen. An dat geet weider esou wéinst der Elektromobilitéit a méi ëmweltfrëndlechen Heizungen, déi keng fossil Energië wéi Gas oder Mazout brauchen, dofir awer méi Stroum consomméieren.

An da ginn och Investitiounen an erneierbare Stroum subventionéiert, an déi Subside ginn iwwert e Kompensatiounsmechanismus och vun de Clientë mat bezuelt. Am Fong engagéiert de Staat sech, déi Käschte bis 2028 ze iwwerhuelen, fir datt d'Clienten net fir deen Deel vun der Energietransitioun mussen opkommen.

Präisser fir 2026 nach net gewosst

Dat ass awer keng Garantie dofir, datt de Stroum déi nächst Joren net nach méi deier gëtt. Déi staatlech Subventionéierung vun 2026 bis 2028 verhënnert just, datt d'Clienten och nach méi Käschte wéinst der Energietransitioun iwwerhuele mussen.

De Marchéspräis an d'Netzkäschte musse si awer selwer bezuelen. A mat wéi enge Präisser mir fir 2026 rechne mussen, ass nach net gewosst.

De Statec huet nach keng Previsioun gemaach, well et dofir nach ze fréi wier. Als Privatclient kënne mir eis just drop astellen, datt mir d'nächst Joer ronn 30 Prozent méi fir Stroum mussen ausginn, wéi den Ament.

Lauschterenplay_arrow