Dat ergeet och aus dem Rapport d’avis technique, deen dem 100,7 virläit. D’Propos vun engem privaten Investisseur, de Ponton ze kafen, fir op enger anerer Plaz e Vakanzewunnengskomplex draus ze maachen, wier kee Grond néi Diskussiounen iwwer den Ofrëss vum Ponton ze lancéieren, sou de Lex Delles. Et kéint een de Ponton net einfach „D‘Musel op an of féieren“, well e soss riskéiert ze kippen.
„Et ass esou, datt dee sur place gegoss ginn ass, dat ass eng tonneschwéier Konstruktioun, wou de Risiko besteet, datt dee kippt.“
Wann e kippe géif, wier déi ganz Schëfffaart op der Musel blockéiert, ënnersträicht de Lex Delles.
„An dofir, an dat ass dat Wichtegst, ass de Projet jo och unanime am Gemengerot zu Schengen gestëmmt ginn.”
D’Oppositioun vu Schengen hat an engem Schreiwes de Stopp vum Ofrëss gefuerdert, dat well e privaten Investor sech gemellt hat fir de Ponton ze kafen.