search

/ De Poopst traut sech

Fräie Mikro

|
reading time

3 min

headphones

4 min

play_arrow

De Poopst traut sech

De Michel Pauly, Historiker a Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum, bedauert, datt zu Lëtzebuerg weder d'Kierch nach d'Regierung sech trauen, sech vum Donald Trump a senge Schüler ze distanzéieren.

reading time

3 min

headphones

4 min

play_arrow
De Michel Pauly. | © Jo Diseviscourt
De Michel Pauly. (Foto: Jo Diseviscourt)

Viru Kuerzem waren dräi Ministere mam Grand-Duc an d’USA gereest fir US-Entreprisen op Lëtzebuerg ze lackelen. Mir kënnt dat vir, wéi wann d‘Regierung an den 1930er Jore fir eng Wirtschaftsmissioun op Berlin gefuer wier.

Datt ee sech och anescht vis-à-vis vun enger Groussmuecht ka verhalen, déi um Wee an d’Diktatur ass, weist de Poopst Leo XIV.

Erënnerungen un 1939

Scho méi laang nennen Orbán an Trump hir sougenannt illiberal Demokratie, dat heescht hiren Ëmbau vun der Demokratie zu enger Autokratie, och "chrëschtlech Demokratie", obscho Chrëschtentum a Faschismus nu wierklech net beienee passen.

Datt de Faschismus zum Krich féiert, huet d’Welt net fir d’lescht 1939 erlieft, mee elo nees mat Netanjahu an Trump, déi ouni sech ëm d’internationaalt Recht ze bekëmmeren, de Venezuela an den Iran iwwerfall hunn.

Gott ënnerstëtzt keng Gewalt

Datt den Trump an de Vance dann och nach d’Bierger opgefuerdert hunn, Gott ze bieden, hinnen zur Victoire ze verhëllefen, oder ze behaapten, Gott hätt si zum militäresche Succès geféiert, huet beim Poopst dem Faass de Buedem ausgeschloen, an de Leo XIV. huet - ouni den Trump mam Numm ze nennen, awer jiddereen, och den US-President selwer, hat verstanen, datt hie gemengt war - kloergestallt: Gott seent keng Gewalt a lauschtert net op esou Gebieder.

Doropshin hunn och en etlech amerikanesch Bëscheef sech vum Trump distanzéiert, déi him am Walkampf nach d’Partie gehalen haten, well hie géint d’Ofdreiwung war. Wéi am Mëttelalter liest d’Kierch der weltlecher Muecht d’Lewitten an erënnert se un de chrëschtleche Message vun der Léift a vum Fridden.

Lampedusa amplaz Washington

Et war dat net déi éischte Kéier, wou de Leo XIV. sech vum Trump distanzéiert huet. Scho méi laang ass gewosst, datt hien dem amerikanesche President seng Invitatioun, de 4. Juli fir den amerikaneschen Nationalfeierdag op Washington ze kommen, wann hien den 250. Joresdag vun der Onofhängegkeet wëllt feieren, ausgeschloen huet an deen Dag op d’Insel Lampedusa reest, fir do d’Flüchtlingen, déi probéieren iwwer d’Mier aus Afrika an Europa ze kommen, Courage ze maachen, datt och si als Mënsche Recht op en anstännegt Liewen hunn an eis Hëllef an eise Respekt verdéngen.

De Leo XIV. setzt domat e kloert Géigenzeechen zum Trump senger Politik, déi bekanntlech probéiert, all Flüchtlingen aus dem Land ze geheien an net zéckt, fir op si schéissen ze loossen.

A wat ass mat Lëtzebuerg?

De Leo XIV. wëllt jiddefalls net de Feeler vu sengem Virgänger Pius XII. widderhuelen, deen ni ëffentlech dem Hitler seng Juddeverfollgunge condamnéiert huet, an deen dofir bis haut Reprochë gemaach kritt, och wann hien heemlech ville Judde gehollef huet sech ze verstoppen.

A wat seet d’Kierch hei am Land? Ech hunn nach näischt héieren. Och bei eis sympathiséiert jo eng Partei mat illiberalen Demokratien. Mee well déi Partei gläichzäiteg déi eenzeg ass, déi sech nach géint d’Recht op Ofdreiwung ausschwätzt, gëtt se weiderhi vum Äerzbëschof geschount.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.

play_arrow Lauschteren