arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Me first": E geféierlechen Trend

Fräie Mikro

|
reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow

"Me first": E geféierlechen Trend

E Phenomeen, dee bei de Leit ëmmer méi fir Onmutt suergt, sinn déi elektresch Trottinetten, déi méi oder manner legal zirkuléieren. D’Reglementatioun ass kloer, mee d’Verhale gesäit dacks net dono aus, mengt d'Isabelle Medinger, Direktesch vun der Securité Routière, an hirem Fräie Mikro.

reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow
D'Isabelle Medinger am Studio vum Radio 100,7. | © Jo Diseviscourt
D'Isabelle Medinger am Studio vum Radio 100,7. (Foto: Jo Diseviscourt)

Dem Enge seng Fräiheeten halen do op, wou deem Anere seng ufänken. Dee Sproch ass net nei. Wat nei ass, ass d‘Selbstverständlechkeet mat där ëmmer méi Leit hir Fräiheete bis op d’Äussert an doriwwer eraus dreiwen, komplett lassgeléist vun engem Kollektivitéitsgefill an ouni Eegeverantwortung.

"Me first" ass den Trend.

Eng Gebrauchsanweisung, déi net jidderee liest

Et gëtt op seng individuell Fräiheete gepocht a mam Fanger op déi Aner gewisen. De Code de la route - wat iwwregens e Gesetz ass - an e friddlecht Zesummeliewen op der Voie publique solle garantéiert ginn. Mee dat ass an der Mentalitéit vu munche Leit zu enger Gebrauchsanweisung verkomm, déi een och net onbedéngt muss liesen.
 
Ëmmer manner informéiert, woubäi awer alles ëmmer méi komplex gëtt. Parallel wiisst d‘Récksiichtslosegkeet vun deem Eenzelen. Dat kann net funktionéieren.

Ze vill Individualisten?

All Vehikel, dee gefält, muss hier. Iwwerdimensional, kompakt a séier, iwwermotoriséiert, haart, getuned, entdrosselt, illegal an op de falsche Plazen ënnerwee.

De Marché gëtt alles hier, wat d’Häerz begiert.

De Legislateur huet ëmmer méi Schwieregkeeten d‘Gesetzer unzepassen un déi vill Individualisten. Mee och d‘Reglementatioun huet Limitten, nämlech wann den iwwerdimensionéierten Ego kee kollektive Konsens méi erlaabt.

Schutzzon Trottoir

Leittragenden ass de Foussgänger, dee Schwaachen, dee Luesen. Woubäi deem seng Rechter missten allerhéchst Prioritéit hunn, well jiddereen ass jo als éischt Foussgänger.

Deen Espace, deen nach bleift fir Mënschen, déi am Schrëtttempo an, oder ze fouss ënnerwee sinn - geschützt am Prinzip - ass den Trottoir.
 
Déi "Microvéhicules électriques", wéi se am Code de la route heeschen, Trottinett an ähnleches, sinn um Trottoir verbueden a mussen op der Strooss fueren. Keen Erwuessene mat Vëlo oder op anere Rieder huet do eppes verluer. Punkt.

A contrairement zu deem wat vill Leit mengen, gëtt et och bei den Elektrotrottinette ganz kloer Reegelen. D’Gesetz mécht en Ënnerscheed, wat d’Puissance vun deene Gefierer ubelaangt, an definéiert, vu wéi vill u se mat engem Motorrad gläichgestallt sinn, mat all de Reegelen déi dat bedeit.
 
Et herrscht e ganz grousse Malaise bei de Leit, deen een net einfach kann ignoréieren.

Zuel vun Accidenter geet erop

Et soll een awer och net an dat anert Extreem verfalen an och net a Verallgemengerungen. Am Moment wiisst dee Phenomen Trottinett, an domat och d'Zuel vun den Accidenter, duerch Falen oder Kollisioune mat Foussgänger.

Prioritéit muss et sinn, de Foussgänger ze schützen.
 
De Verkaf vun Trottinetten, esou bleift et ze hoffen, wäert net iwwer e gewësse Seuil erausgoen.

Nach méi erhoffenswäert wier, wann den Trend "me first" och géing zeréckgoen. Mee verschidde Saache kommen ni aus der Moud.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.

play_arrow Lauschteren