De Poopst François plangt eng Visitt an der Belsch. Dat fir de 600. Anniversaire vun der Universitéit vu Louvain. De geneeën Datum bleift ze klären. Um Bord vun där Visitt wieren awer och e puer Stonnen Openthalt zu Lëtzebuerg méiglech.
De Grand-Duc Henri hätt de Poopst op Lëtzebuerg invitéiert, esou nach d‘Präzisioun.