De Réckgank vum Ëmsaz vum ëffentleche Promoteur géif sech virun allem duerch eng méi niddreg Verkafsaktivitéit erklären, sou de Verwaltungsrot vum Fonds du Logement am Aktivitéitsrapport 2023. (Chiffre d’affaires net 2023: 28,2 Milliounen Euro. / Chiffre d’affaires net 2022: 31,6 Milliounen Euro)
D’Zuel vu Logementer, déi d’lescht Jore fäerdeg gestallt a verkaaft goufen, louch bei véier. 81 Logementer goufen 2023 fir d’Locatioun realiséiert. 2022 hat de Fong nach iwwer 100 Logementer fäerdeg gestallt, fir ze verkafen oder ze verlounen.
De Fonds du Logement geréiert – eegener Ausso no – déi meeschten abordabel Locatiounslogementer am Land. Dës Zuel louch bis d’lescht Joer bei engem Total vun 2.238 Wunnengen oder Haiser an 49 Gemengen.
An der aktueller Kris vum Bausecteur géif de Fonds du Logement déi privat Immobilienentwéckler, duerch d’Opkafe vu sougenannte VEFA-Projeten (vente en l'état futur d'achèvement) ënnerstëtzen, esou de Logementsminister Claude Meisch am Aktivitéitsrapport 2023.
De Fonds du Logement gëtt et zënter 1979 an e beschäftegt an Tëschenzäit 183 Leit Personal.