Wann een duerch de Kär vun eise Stied trëppelt, fält engem op, datt ëmmer méi Geschäfter zoumaachen, datt d’Lokaler eng laang Zäit eidel stinn oder zäitweis duerch Pop-Up-Buttéker gefëllt ginn, déi kuerz duerno ërem zoumaachen. Déi lescht Familljebetrieber verschwanne lues a lues, si ginn ersat duerch Handelsketten, déi eis iwwerall déi selwecht standardiséiert Wuer proposéieren, duerch Schnellimbissrestauratioun oder onzieleg Immobilienagencen.
Alternativen déi fonctionnéieren an där, déi net fonctionnéieren
De Client gëtt aus dem Stadkär gedriwwen, e gëtt op d’gréng Wiss gelackelt, wou grouss Akafszentren de Relais iwwerholl hunn. Tankstellen déngen als Noutépicerie, déi lokal Mäert verléieren hir Unzéiungskraaft. De "Commerce de proximité" gehéiert zum groussen Deel der Vergaangenheet un. Haut fiert ee mam Auto an den Akafszenter oder an dat not Ausland, et bestellt ee seng Konsumartikelen iwwert den Internet. Ganz ekologesch ass dat net onbedéngt. Eenzel Initiativen, déi drop ausgeriicht sinn, fir méi bewosst anzekafen an ze consomméieren, scheiteren oft un engem Mangel u Rentabilitéit.
Ëmmer méi grouss Distanz tëscht Produkter an dem Client
D’Pandemie huet dem klenge Commerce e weidere Coup ginn, vun deem e sech nëmme ganz schwéier erhëlt. Vill Firme sichen ausserdeem Industriezonen op, wou si sech nidderloossen, well si méi Plaz a munchmol besser Konditiounen fannen. Fir de Client heescht dat, datt e sech muss méi wäit deplacéieren. Dat bedeit och méi Verkéier, méi Stau, méi Parkingsanlagen.
Et ass een Trend vun der Zäit, datt eng ëmmer méi grouss Distanz tëschent dem Ubidder vu Produkter oder Servicer an dem Client entsteet.
De mënschleche Kontakt gëtt op e Minimum reduzéiert, elektronesch Applikatioune liwweren den Déngscht, dee fréier vu Mataarbechter vun enger Firma geleescht gouf. Guichet-en ginn ofgeschaaft, déi sougenannt kënschtlech Intelligenz iwwerhëlt d’Aarbecht a gëtt den Uschäin vun engem virtuelle perséinleche Kontakt.
Deelweis schlecht Leeschtunge vun de Betriber
Dëser Deeg huet ee Finanzinstitut vu sech schwätze gedoen, well et seng onrentabel Cliente wëll lassginn an op Methoden zougräift, déi zimmlech brutal sinn. An da wonnert ee sech kaum, datt d‘Banken e schlechten Image dobaussen hunn. Mee och aner Secteure suerge fir Opreegung. Wéi oft war ee scho mat Firme konfrontéiert, déi eng Aarbecht méi schlecht wéi recht erleedegen, awer dofir Rechnungen ausschreiwen, déi iwwerhaapt net méi mat der Leeschtung iwwertenee stëmmen?
Et ass jo verständlech, datt de Mënsch sech materielle Wuelstand wënscht. Dat mécht d’Liewe méi agreabel a confortabel. Mee vun deem Moment un, wou Geldgier aner Gesellschaftswäerter iwwertrompt, dierft ee sech net wonneren, datt d’Qualitéit vun der Aarbecht an déi mënschlech Bezéiungen den zweete Präis kréien.