Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Dragon Ball: Sparking! ZERO

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De CGDIS hat d'lescht Joer 1.000 Asätz manner wéi nach 2022

Aktivitéitsrapport

De CGDIS hat d'lescht Joer 1.000 Asätz manner wéi nach 2022

D’lescht Joer war de CGDIS 70.660 Mol am Asaz. Dat geet aus dem Aktivitéitsrapport vum CGDIS ervir. Dat sinn 1,000 Asätz manner wéi nach dat Joer vidrun. D’Asätz ginn zwar liicht manner, virun allem awer ëmmer méi komplex, betount de President vum Verwaltungsrot.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Marlène Clement

Iwwer 7.000 Memberen zielt de CGDIS am Asaz. Dorënner falen déi fräiwëlleg Pompjeeën, d‘Beruffspompjeeën an och déi administrativ an technesch Beruffer. Vun deene Ronn 7.000 Membere sinn der eppes iwwer 1.500 Fraen, also 22 Prozent. 

Bei de Beruffspompjeeë läit de Fraenundeel bei knapp 7 Prozent. Do misst een nach méi Efforte maachen, gëtt de President vum Verwaltungsrot Alain Becker sou. Et géifen awer ëmmer méi Fraen hir Promotioun maachen oder sech fir d‘Offizéier-Karriäre mellen.

Iwwer 1.000 Persoune bis Enn dës Joers

928 Persounen hunn zejoert haaptamtlech am CGDIS geschafft. Enn des Joers wäerten et der duerch weider Rekrutementer iwwer 1.000 sinn, präziséiert den Alain Becker. 

„An do gi mer och an déi Richtung wat de PNOS, also de Plan national d’organisation de secours, eis virschreift, wäerte mer der 50 recrutéieren an der Carrière vum Beruffspompjee C1 an nach eng Kéier 10 Offizéier an der Carrière A2.“

Rekrutementer maachen d'Hallschent vum Budget aus

Déi zousätzleche Recrutemente spigele sech och an de Personalkäschte. Déi hunn zejoert bal d’Hallschent vum Budget vum CGDIS ausgemaach.

De Gesamtbudget louch bei 170 Milliounen Euro, dovunner 84 Milliounen Euro fir d’Personalkäschten. Dat ass ee Plus vu Ronn 11 Milliounen am Verglach mam Joer virdrun.

Bei de Fonctionnements-Käschte louch de Budget zejoert bei Ronn 59 Milliounen, do ass et ee Plus vun iwwer 5 Milliounen am Verglach mam Joer virdrun. Dem Alain Becker no, wier déi Hausse ënner anerem op d’Mise en Service vum neie Centre National d’Incendie et de Secours zeréckzeféieren.

Lauschterenplay_arrow