E Mëttwoch eréischt hat och de Verdeedegungsminister Yoav Gallant de Premier schaarf kritiséiert. Et misst eng politesch Alternativ zu der Hamas ginn, soss géif just eng Fortsetzung vun der Hamas-Herrschaft oder eng israeelesch Militärherrschaft bleiwen.
US-Sécherheetsberoder an Israel erwaart
Haut gëtt dem US-President säi Sécherheetsberoder, Jake Sullivan, an Israel erwaart, a soll do mam Premier a Verdeedegungsminister zesummekommen, fir ënnert anerem iwwert déi ëmstridden Offensiv an der Stad Rafah am Süde vun der Gazasträif ze diskutéieren. Och d‘USA hu konkret Erwaardungen un de Benjamin Netanjahu, fir sech aktiv un der Ausaarbechtung vun engem konkrete Plang fir d‘Zukunft vum Küstegebitt ze bedeelegen.
Nees Protester géint de Benjamin Netanjahu
Bei enger israeelescher Loftattack am Zentrum vun der Gazasträif wieren hënt op d‘mannst 20 Mënschen an engem Flüchtlingscamp ëm d‘Liewe komm. Dat huet e Spidol matgedeelt. Déi israeelesch Arméi huet uginn, d‘Faiten ze iwwerpréiwen.
An Israel gouf et hënt nees Protester géint de Premierminister Benjamin Netanjahu. D‘Demonstrante fuerderen de Retour vun den ëmmer nach iwwer 100 israeelesche Geiselen, déi an der Gazasträif festgehale ginn. Si maachen de Regierungschef fir hiert Schicksal an den Hänn vun der Hamas verantwortlech.