Radioen

On air

Notturno  |  Bon Iver - Lump Sum

play_arrow Live
search

/ De Benjamin Netanjahu ass fir eng weider Visitt zu Washington

Zweete Besuch beim Donald Trump

De Benjamin Netanjahu ass fir eng weider Visitt zu Washington

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu gëtt haut um Méindeg nees am Wäissen Haus vum US-President Donald Trump empfaangen. Et ass schonn dem Netanjahu seng zweet Visitt zënter dem Donald Trump sengem Amtsuntrëtt am Januar.

auto_stories

1 min

De Benjamin Netanjahu op Visitt beim Donald Trump. | © picture alliance / Consolidated News Photos | Shawn Thew - Pool via CNP
De Benjamin Netanjahu op Visitt beim Donald Trump. (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Shawn Thew - Pool via CNP)

Op X huet den israeelesche Regierungschef geschriwwen, hie géif mam Donald Trump iwwer déi nei US-Douanestaxe wëlle schwätzen, mee och iwwer d'Liberatioun vun de Geiselen an der Gazasträif an iwwer den Iran.