Radioen

On air

Notturno  |  William Doyle - Now In Motion

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dat lescht brittescht Stolwierk ass (bis op Weideres) gerett

Wirtschaft

Dat lescht brittescht Stolwierk ass (bis op Weideres) gerett

Iwwer de Weekend goufe brittesch Deputéiert aus hirer Ouschtervakanz zeréckgeruff, fir an enger Noutsëtzung dat lescht grousst brittescht Stolwierk ze retten. Wéi et dozou koum a wat den Donald Trump domat ze dinn huet, dat erkläert eis London-Korrespondentin Claire Barthelemy.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / Photoshot play_arrow
(Foto: picture alliance / Photoshot )

"Mir treffen eis an aussergewéinlechen Ëmstänn, fir an aussergewéinlechen Zäiten aussergewéinlech Mesuren ze huelen." Esou huet de brittesche Wirtschaftsminister Jonathan Reynolds den Toun am Parlament uginn.

A Groussbritannien ass et immens seelen, datt Deputéiert samschdes an d'Parlament geruff ginn. Déi leschte Kéier war dat wärend dem Krich op de Falkland-Insele viru méi wéi 40 Joer. Dëse Weekend awer goung et drëm, dat lescht grousst Stolwierk a Groussbritannien ze retten.

3.000 Aarbechtsplaze si gerett ginn

D'Stolwierk vu Scunthorpe ass dat lescht, wat réie Stol produzéiert. Et gëtt vu British Steel bedriwwen, an déi gehéieren der chineesescher Firma Jingye Group. Si wollt d'Héichiewen ofschalten, well d'Produktioun net méi rentabel wier. Déi brittesch Regierung hat ugebueden, déi dréngend gebrauchte Rostoffer ze kafen, mee dat hat déi chineesesch Firma ofgeleent.

Elo huet déi brittesch Regierung d'Kontroll iwwer d'Stolwierk an déi bal 3.000 Aarbechtsplaze geholl. D'Regierung klappt sech op d'Schëller, mee dat Ganzt huet erëm gewisen, wéi schwéier dem Donald Trump säi Schiet iwwer Westminster hänkt. Hien huet Stroftaxe vu 25 Prozent op Stolimporter ageféiert an dofir ass et Groussbritannie wichteg doheem weider Stol ze produzéieren.

China ass net méi wëllkomm

D'Labour-Regierung ass kritiséiert ginn, datt si d'Verhandlunge mat der chineesescher Firma esou laang schleefe gelooss huet, a Kritiker soten, déi konservativ Partei hätt ni dierfen erlaben, datt d'Stolwierk iwwerhaapt un eng chineesesch Firma verkaaft gëtt. Déi Firma wéisst, datt Groussbritannie Stol aus China misst importéieren, wann d'Land selwer keent méi produzéiert, esou den Iain Duncan Smith, e fréieren Tory-Parteichef.

D'Zukunft vum Stolwierk ass awer nach laang net geséchert. Fir et op laang Dauer kënne weiderzeféieren, mussen dringend Investissementer hier. Och eng komplett Verstaatlechung wier eng Optioun, sot de Wirtschaftsminister. Dee sot awer och, datt chineesesch Firmen an der brittescher Stolindustrie net méi wëllkomm wieren.

 

Lauschterenplay_arrow