An den Halleffinallen hu sech souwuel déi Däitsch, wéi och d’Dänen 31:28 duerchgesat. Däitschland géint Kroatien an Dänemark géint Island.
Wien hëlt sech säin 3. Titel?
Fir eis däitsch Noperen ass et no 2002, 2004 an 2016 déi drëtte Kéier, datt si an der Finall stinn. Europameeschter goufe si 2004 an 2016.
D'Däne gëlle virun heemeschem Publikum als Favoritt. Och si konnten den Titel bis elo zweemol huelen, an zwar 2008 an 2012. Fir d'lescht stounge si virun 2 Joer an der Finall, wou et allerdéngs eng Néierlag géint Frankräich gouf.
D’Final ass muer um Sonndegowend.