Déi zwee Meedercher am Alter vu 15 a 16 Joer an e Jong vu 15 Joer aus Nordrhein-Westfalen hätten en islamistescht Attentat geplangt. Déi dräi sëtzen elo an Untersuchungshaft.
Déi däitsch "Bild"-Zeitung hat als éischt iwwert de Fall bericht. Déi Jugendlech hätte wëlles gehat, Polizisten a Kierche mat Messeren a Molotov-Cocktailen unzegräifen.