Radioen

On air

Concert  |  De Vadim Gluzman mat den SEL

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dagestan: Doudeger no Attacken op Synagogen a Kierchen   

Russesch Deel-Republik

Dagestan: Doudeger no Attacken op Synagogen a Kierchen   

An der russescher Deel-Republik Dagestan am Nordkaukasus gouf et op d‘mannst 20 Doudeger bei Attacke gëschter op Synagogen an orthodox Kierchen. Ënner den Doudesaffer wiere 15 Polizisten a 6 Täter, esou d‘Autoritéiten.

auto_stories

1 min

Arméiert Männer hu Kierchen a Synagogen an der Haaptstad Machatschkala an an der Küste-Stad Derbent ugegraff. Wien hanner der Attack stécht ass nach net gewosst. Déi russesch Autoritéite schwätze vun Terrorismus. An Dagestan gouf an der rezenter Vergaangenheet islamistesch Attacken.