Déi meescht vun de Fäll zu Lëtzebuerg wiere Broscht-, Daarm- oder Longekriibs. D‘Hallschent dovun hätt ee fréizäiteg kënnen erkennen, esou d‘Santé.
De Ministère erënnert drun, datt et hei am Land zwee gratis Programmer gëtt fir Broscht- oder Daarmkriibs fréizäiteg ze erkennen. All eligibel Persounen tëschent 45 a 74 Joer kréien automatesch eng Invitatioun geschéckt fir un deene gratis Kriibs-Fréi-Erkennungs-Programmer deelzehuelen.