Bei der Nominatioun vun enger Persoun fir eng Gemengeplaz wier rezent e "Flüchtegkeetsfeeler" geschitt, esou d'DP. Déi Nominatioun gouf jo dës Woch vum Inneminister Léon Gloden annuléiert. Dat géif virkommen, esou d'DP.
Am Plaz awer eegen Iddien ze entwéckelen, géif déi schwaarz-gréng Oppositioun soss näischt maachen, wéi d'Aarbecht vum rout-bloe Schäfferot ze behënneren, esou de Virworf vun der Sandweiler-DP.