Déi zweet Phase vun der Wafferouh soll Enn Februar ufänken an zu engem endgültegen Enn vum Krich féieren. Allerdéngs soll déi israeelesch Delegatioun déi elo an de Qatar geschéckt gouf, fir den Ament just iwwer technesch Detailer verhandelen.
Den Netanjahu huet gëscht op en Neits geschwuer, d‘Hamas ze eliminéieren an déi Geiselen, déi nach ëmmer festgehale ginn, ze befreien. Um Samschdeg sinn dräi weider Geisele vun der Hamas fräigelooss ginn. Si waren an engem ganz ofgemoerten a schlechtem Zoustand.