Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Donald Trump wëllt d'Gazasträif nees ekonomesch opbauen - Pam Bondi gëtt nei Justizministesch

USA

Den Donald Trump wëllt d'Gazasträif nees ekonomesch opbauen - Pam Bondi gëtt nei Justizministesch

Den amerikanesche President Donald Trump wëllt, datt d'USA d'Gazasträif iwwerhuelen an ekonomesch nees opbauen. Noutfalls kéint och dat amerikanescht Militär agesat ginn. Iwwerdeems gouf eng nei Justizministesch nominéiert.

auto_stories

1 min

De Benjamin Netanjahu op Visitt beim Donald Trump. | © picture alliance / Consolidated News Photos | Shawn Thew - Pool via CNP
De Benjamin Netanjahu op Visitt beim Donald Trump. (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Shawn Thew - Pool via CNP)

Déi ronn zwou Millioune Palästinenser, déi bis elo do gelieft hunn, sollen op aner arabesch Nopeschstaate verdeelt ginn. Den israeelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu, deen am Moment op Visitt zu Washington ass, huet dës Pläng begréisst. Den Netanjahu huet gemengt, den Donald Trump wier dee beschte Frënd vun Israel. D'Aussoe sinn am Noen Osten direkt op Kritik gestouss.

10.000 mexikanesch Zaldoten op der Grenz

Mexiko huet gëschter um Dënschdeg iwwerdeems dermadder ugefaangen, eng 10.000 Zaldoten op der Grenz mat den USA ze stationéieren. Déi mexikanesch Presidentin Claudia Sheinbaum hat déi Aktioun versprach, nodeems den amerikanesche President Donald Trump eng 25-prozenteg Importtax falegelooss huet. D'Zaldote sollen déi illegal Migratioun an d'USA an den Handel mat der Drog Fentanyl stoppen.  

Ersatz fir de Matt Gaetz gouf fonnt

Déi nei amerikanesch Regierung gëtt dann no an no komplett. Gëschter um Dënschdeg hunn d'Republikaner déi fréier Staatsanwältin vum Bundesstaat Florida Pam Bondi als Justizministesch confirméiert. De Poste war fir d'éischt fir de Matt Gaetz virgesinn. Deen huet seng Kandidatur awer wéinst Sex- an Drogenaffären opginn. D'Pam Bondi gëllt als extreem loyal Mataarbechterin vum Donald Trump.